Wëllkomm bei assy.lu

Ech sinn 1961 zu Klief gebuer.

No der Primärschoul zu Beetebuerg war ech am Lycée Technique Nic Biever zu Diddeleng an am Institut Emile Metz zu Dummeldeng wou ech d'Ausbildung zum Ajusteur gemaach hunn.
 
Nodeems ech meng éischt Skulptur aus den Offäll vu mengem Schwéierpapp sengem Gelänner geschafen hat sinn ech net méi vun de Skulpture lass komm an hunn der aus all Méiglechem - wéi zum Beispill alem Handwierksgeschir, Holz oder Schrott - zesummegesat.

Wéi ech aus raschtegem Blech meng eege Bréifkëscht gebaut hat, gouf ech vu mengem Ëmfeld motivéiert eng éischt Ausstellung op d'Been ze stellen. Den Erfolleg vun der Ausstellung huet mer Mutt gemaach fir weider ze schaffen an esou ass des Konscht zu menger Leidenschaft ginn.

De Stol gëtt mer d'Méiglechkeet, all vu mir gewenschte Formen hierzestellen. Duerch de Rascht erwächt de Stol zum Liewen an ännert mam Wieder bestänneg säin Ausgesinn a seng Faarwen.

Geleeëntlech fannen ech e wonnerschéint Stéck Holz a probéieren et esou wéi et ass an enger Skulptur ze verschaffen. Dem Glas säi Farwespill kann enger Skulptur zu enger gewësser Liichtegkeet verhëllefen. Matt der Keramik hunn ech d'Méiglechkeet e Kontrast zum Stol ze schafen oder en Detail zum Ausdrock ze bréngen.

E puer Iwwerleeungen

Nodeems ech no der Ausbildung als Ajusteur/Schlesser de Charakter vum Stol ëmmer besser kenne geléiert hunn, huet et mech gereizt deem sougenannten haarden a kale Material Liewen ze ginn. Säit laangem ass de Stol fir mech kee Material ouni Ausdrock méi. Et ass mer wichteg dass meng Skulpturen, ob abstrakt oder figurativ, eng Harmonie vum Ausgesinn an Upaken ausdrécken a Loscht maachen, se unzepaken. Vill vu menge Slupturen si vun der Aktualitéit inspiréiert an entstinn als Croquis, deen ech aus mengem léiwste Material wëll realiséieren ouni dass dobäi de Schwonk an d'Liichtegkeet verluer ginn. Am Moment beschäftegt de mënschleche Kierper a säin Ausdrock mech an ech benotze seng Formen a Beweegungen fir dem Stol Liewen ze ginn.


Je suis né à Clervaux au Luxembourg en 1961.

Après l'école primaire à Bettembourg j'ai fréquenté le Lycée Technique Nic Biever à Dudelange et l'Institut Emile Metz à Dommeldange où j'ai appris le métier d'ajusteur.

J'ai découvert l'art tout jeune avec mon père qui, dans son loisir, a peint des tableaux et taillé au couteau des figurines en bois. Ma première sculpture a cependant dû attendre jusqu'en 1995. Je l'ai réalisée avec les restes d'un garde-corps que j'avais fait pour mon beau-père.

Après avoir construit ma propre boîte aux lettres mes amis m'ont encouragé d'exposer les oeuvres que j'avais créées jusque là. Le succès de cette exposition m'a encouragé à continuer.

L'acier est mon matériel préféré, mais le bois, le verre, la céramique ou des vieux outils de travail ont souvent été utilisés.

Depuis j'ai participé à plusieurs expositions et ateliers répertoriés dans la rubrique Palmarès.   

Quelques réflexions

Ayant appris à connaître de mieux en mieux le caractère de l'acier depuis l'apprentissage du métier d'ajusteur, j'étais tenté de faire vivre ce matériel dit dur et froid. Depuis longtemps je ne considère plus l'acier comme matériel inexpressif. Il m'est important que mes sculptures, q'elles soient abstraites ou figuratives, expriment l'harmonie de la perception visuelle et tactile et donnent envie de toucher. Beaucoup de mes sculptures sont inspirées par l'actualité et naissent comme croquis q'il s'agit de réaliser dans mon matériel préféré tout en gardant l'élan et la légèreté. Actuellement le corps humain avec ses expressions me préoccupe beaucoup et je me sers de ses formes et mouvements pour faire vivre l'acier.


I was born in Clervaux in Luxembourg in 1961.

Since I learned the profession of a fitter I came to know more and more about the caracteristics of steel. I was curious to give life to this material often said to be cold and hard. Since a long time I do not consider steel as an inexpressiv material. It is important to me that my sculptures, abstract or figurativ, express harmony between visual and tactil perception and invite people to touch. Many of my sculptures are inspired by actual themes and start as a sketch to be realized with my favourit material without losing its flow and lightness. For the moment I am very preoccupied by the human shape with its expressions and movements which I use to give life to the steel.

Steel is my favorit material but I also like to work wood. Somestimes I am lucky and find a nice / interesting piece of old construction timber or driftwood. I often use old tools to give them a soul in a new creation.